Häerzlech Wëllkomm bei der Muppenband
Dësen Grupp ass gegrënnt ginn, fir dat Leit, dei gären zesummen mat aaneren Leit an Muppen trëpplen ginn, sech kënnen treffen.
Mëttlerweile huet den Gruppe 2 Stäipen, zum engen den Facebook-Gruppe, wou sech all Mensch, en muss just Frouh mat Muppen sinn, sech mat Gleichgesënnten austauschen kann.
Zum Aaneren organiseiert d'Muppenband all Sonnden en Trëppeltour irgendwou am Land oder nohen ausland, wou all Interesseierten kann drun deelhulen, egal op een keen Mupp, een oder mei Muppen huet.
Dir fannt hei op dësser Säit och en grousst Fotoarchiv, den awer Passwuert geschützt ass.
Dir kënnt gären, mat enger PN bei den Admins op der Facebooksäit, d'Passwuert ufroen